Léa Linster - Mullenzopp
D'Anne kacht dem Léa Linster seng Mullenzopp mat Curry a mat Porretten aus dem Joer 1994
Mullenzopp
E Rezept vum Léa Linster
Fir 4 Persounen
Fir den Court-Bouillon:
1 kg Moulen
250ml wäisse Wäin
250ml Waasser
50g Zellerie (oder 1 Panais)
1 Wuerzel
1 Enn
Gréngs vun 1 Porrett
1 Lorberblat
1 klenge Bond Péiterséileg
Fir d’Zopp:
30g Botter
2 EL Miel
500ml Court-Bouillon
Wäisst vun 1 Porrett, reng gehackt
75ml Ram
½ EL Currypolver
1 Pouz Safran
1 Pouz Cayenne Peffer
Fir ze zerwéieren:
100ml Ram
Péiterséileg, gehackt
D’Moule wäschen (net am Waasser leie loossen).
Fir de Court-Bouillon:
Den Zellerie, d’Wuerzel, d’Enn an d’Porrettegréngs reng hacken. E Schnatz Botter an engem Dëppe schmëlzen an d’Geméis doran ubroden.
De Wäin dobäischëdden an kuerz opkache loossen. D’Lorberblat an de Péiterséileg dobäiginn. 1 Minutt kachen, dann d’Waasser dobäischëdden. Wann d’Waasser bis kacht, d’Moulen dobäiginn, zoudecken a 5 Minutte kache bis d’Moulen opginn.
D’Moule mam Jus duerch e Sift ginn, dobäi de Bouillon an enger Schossel drënner opfänken.
Fir d’Zopp:
D’Moulen aus de Schuelen eraushuelen an de Baart erofhuelen. Op d’Säit stellen.
De Botter an engem Dëppe schmëlzen, d’Miel dobäiginn a kuerz uschweessen. Dann de Bouillon ënnerréieren sou dass keng Klompen entstinn.
D’Porrett dobäiginn an eng Minutt opkache loossen.
D’Ram an de Curry dobäiginn, a kuerz opkache loossen.
De Safran an de Cayenne-Peffer dobäiginn, dann d’Moulen an d’Zopp ginn.
Virum zerwéieren d’Ram zu Schlagsan schloen, an d’Dëppe ginn a kuerz emreieren.
Op 4 Tellere verdeelen a mat Péiterséileg zerwéieren.
