Alex Bodry – Tiramisu
D'Anne mecht dem Alex Bodry säin klasseschen Dessert aus dem Joer 1998
Tiramisu
E Rezept vum Alex Bodry
Fir 8 Persounen
4 Eeer
500g Mascarpone
100g Zocker
250ml starken Kaffi
150ml Amaretto
200g Boudoir Kichelcher
Kakao
Eng Poutz Salz
D’Eer trennen an d’Eewäiss mat enger Poutz Salz zu Schnei schloen.
D’Eegiel mam Zocker schaumeg schloen.
D’Mascarpone bei d’Eegiel dobäiginn an glat vermëschen.
Den Eeschnei ennerhiewen bis eng glat a locker Masse entsteht.
De Kaffi an en déiwen Teller schedden (an den Amaretto derbäi ginn wann een well), an dann genuch Kichelcher dranzappen fir eng Schicht an enger Gratins-Form ze fëllen. D’Schicht Kichelcher mat enger Schicht Mascarponecreme bedecken, dann eng weider Schicht getränkten Kichelcher dropleen. Sou weiderfueren fir am Ganzen 3 Schichten Kichelcher an 3 Schichten Crème ze hunn.
Fir e puer Stonnen an de Frigo stellen. Virum zerweieren mat Kakaopolver bestreeën.
