Pierre Dillenburg – Scampisgratin
D'Anne rekreéiert dem Pierre Dillenburg säin Lieblingsplat aus dem Joer 1998
Scampi Gratin
E Rezept vum Pierre Dillenburg
Mécht 1 Gratin fir 6 Persounen
3 Wuerzelen
500g Champignonen
60g Botter
2 Schallotten, reng gehackt
3 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
Eng Handvoll Peiterseilech
½ Tub Tomatenpaste
150ml wäisse Wäin
500g entdeeten, déveneiert Scampien
80ml Calvados
En Schotz Cognac
2 Iessläffel Ketchup
Fir d’Bechamel:
45g Botter
3 Iessläffel Miel
500ml Vollmëllech
3 Iessläffel Sauerram
25g Parmesan, gerappt
D’Wuerzele schielen an a ½ cm deck Scheiwe schneiden.
D’Champignonen an dënn Scheiwe schneiden an op d’Säit stellen.
30g Botter an enger mëttelgrousser Casserole schmëlzen an d’Schallotte mam Knuewelek an enger Pouz Salz fir 2 Minutten ubroden. D’Wuerzelen dobäiginn, ofdecken an 10 Minutte bei niddreger Hëtzt kachen, dobäi vun Zäit zu Zäit emreieren.
Wärend där Zäit di reschtlech 30g Botter an enger grousser Pan schmëlzen an d’Champignone mat enger Pouz Salz ubrode bis d’Waasser rausgezunn huet a verdonst ass.
D’Bechamel an enger zweeter Casserole maachen: de Botter schmëlzen, d’Miel dobäi ginn a kuerz ubroden. D’Mëllech mat enger Pouz Salz dobäiginn, dobäi di ganzen Zäit gutt reieren sou dass d’Zooss déckst. Zum Schluss d’Sauerram an de Parmesan ënnermëschen an eventuell mat Salz nowierzen. Op d’Säit stellen.
No 10 Minutten de wäisse Wäin bei d’Wuerzele schëdden, dann de Péiterséileg an d’Tomatenpaste dobäi ginn a 5 Minutte kachen.
No 5 Minutten de Calvados dobäischedden a flambéieren.
Dann d’Scampien, de Ketchup, Salz, Peffer a 50ml Waasser dobäiginn. Eng 4 Minutte kache bis d’Scampie bal duerch sinn, dann e Schotz Cognac dobäi ginn an nach eng weider Minutt kachen.
De Schäffchen op 180°C Umluft virhëtzen.
D’Scampien an eng Gratinsform ginn, mat de Champignonen an der Bechamel bedecken an dann 20 Minutte baken.
Mat Räis als Bäilag zerwéieren.
