Robi Gérard – Petzi Kuch

D'Anne sculptéiert dem Robi Gérard säin verreckten Kuch aus dem Joer 1995

Petzi Kuch

E Rezept vum Robi Gérard

Fir de Biscuit:
1kg Eer
500g Zocker
500g Miel
200g Botter, geschmolt

Fir d’Bottercreme:
300g Schockela
800g Zocker
300ml Waasser
600g Eegiel
200g Zocker
1kg Botter, Zëmmertemperatur

Marzipan, fir d’Deko

Fir de Biscuit:
D’Eer mam Zocker opklappen. D’Miel Ennermëschen an dann de Botter drennermixen. Domat 4 Kuchen vun 16cm machen, an se bei 200°C eng 17 Minutten baken.

Fir d’Bottercreme:
De Schockela am Bain marie schmelzen an op d’Säit stellen fir dass en ofkillt.
800g Zocker mam Waasser schmelzen an op 115°C opkachen. D’Eeegiel an 200g Zocker opklappen an den warmen Zockersyrop dobäischedden, dobäi weider schloen fir dass dat Ganzt ofkillt.
De Botter opschloen bis en ganz liicht an locker ass. Mat der Zockermasse vermëschen. ¼ vun der Bottercreme mam geschmolzenen Schockela vermeschen. Dat Ganzt bei de Räscht Bottercreme ginn an gutt vermeschen.

Fir den Assemblage:
Een Biscuit Kuch an der haltschegt duerchschneiden fir 2 dënn Scheiwen ze kreien. Dräi Kuchen openeenstellen, an mat enger dënner Scheiw ofschleissen. Mat engem elektreschen Kichemesser den Kapp an d’Schnuff an di iewescht 2 Kuchen schneiden. Dann de Kapp erofhuelen an d’Been an di ennescht zwou Scheiwen aschneiden.

D’Kuchen all dertescht mat Bottercreme besträichen an schlussendlech de ganzen Kuch mat Bottercreme dékoreieren. Aus der iwwreger denner Kuchescheiw 2 Oueren mat engem Glas ausstiechen an op de Petzi pächen, dann och mat Bottercreme besträichen.

Aus Maripan 5 Schéiwen ausstiechen an doraus d’Schnuff an d’Patten formen. 2 mi kleng Schéiwen ausstiechen an bemolen fir doraus d’Aan ze machen.

De Kuch direkt zerweieren oder op enger killer Platz (net am Frigo) fir bis zu 2 Deeg haalen.