Daco Mond – Schockelasmousse mat Sabayon

D'Anne recréeeirt dem Daco Mond säin raffinéierten Dessert aus dem Joer 1997

Schockelasmousse mat Sabaion an Meringue

Daco Mond (Kichechef Vol. 2)

Fir 4 Persounen

Fir de Biscuit:
3 Eer
95g Zocker
90g Miel (T45)
1 Poutz Salz

Fir de Sirop:
1 EL Kirsch
50ml Waasser
50g Zocker

Fir d’Schockelasmousse:
3 Eer
200g Schockela
60g Zocker
100g melle Botter
2 EL Grand-Marnier
2 EL gehackten Mandelen
Kakaopolver

Fir de Sabayon:
2 Eegiel
100ml Kaffee
50g Zocker
2 EL Grand-Marnier

Fir d’Meringuen:
100g Schockela
2 EL Mëllech
2 Eewäiss
100g Zocker
1 EL Kakaopolver

Fir de Biscuit:
D’Eer trennen. D’Eewäiss mat enger Poutz Salz steif schloen.
D’Eegiel mat dem Zocker schaumeg klappen. D’Miel dobäiginn an mam Eewäiss ennerhiewen.
Den Deeg op e Kucheblech mat Bakpabéier verdeelen a glatsträichen. Bei 180°C 25-30 Minutten baken.
Während där Zäit de Sirop machen: de Kirsch mam Waasser an Zocker an enger Casserole schmëlzen bis den Zocker sech op geléist huet.
Soubal de Biscuit aus dem Schäffchen kennt, de Bakpabeier rofhuelen an an zwou Sträifen fir an d’Bakform schneiden.

Fir d’Mousse:
De Schockela mam Botter am Bain-Marie schmëlzen. D’Eer trennen an d’Eewäiss mat enger Poutz Salz steif schloen. D’Eegiel mat dem Zocker schaumeg klappen, dann de geschmolzenen Schockela mam Grand-Marnier ennermëschen.
Dat steift Eewäiss ennert de Schockela hiewen.

Assemblage:
Eng Bakform mat Frischhaltefolie ausleeen. Eng Plaque Biscuit dropleen an mat Sirop bepinselen. dann mat Schockelasmousse bedecken. Eng zweet Lo Biscuit dropleen an mat Frischhaltefolie bedecken. Fir 4-6 Stonnen an de Frigo stellen. Dono de Kuch aus der Form huelen an aus dem Plastik ausweckelen. D’gehackten Mandelen an enger Pan reischteren. D’Säiten vun der Mousse an d’Mandelen zappen fir dass se pächen bleiwen. De Kuch mat Kakaopolver bedecken.

Fir de Sabayon:
D’Eegiel mam Zocker an engem Dëppen vermëschen. De Kaffee mam Grand-Marnier dobäi ginn an am Bain-Marie erhëtzen, dobäi konstant mam Schneibiesen klappen bis d’Masse gedeckst huet. Et dief net kachen!

Fir d’Meringuen:
De Schockela am Bain-Marie schmëlzen an d’Mëllech dobäi ginn.
D’Eewäiss mam Zocker an en Dëppen ginn, an e Bain-Marie stellen an mam elektreschen Mixer 4-5 Minutten opklappen bis d’Masse steif ass. Aus dem Bain-Marie raushuelen an eng weider 3 Minutten mixen.
E Bakblech mat Bakpabeier beleen. Mat engem Sprëtzbeutel kleng Kéip Meringue spretzen. An d’Mëtt vun all Meringue eng kleng Kaul machen an doran geschmolzene Schockela ginn. Mat e bessi mei Meringue bedecken.
Bei 100°C eng 45 Minuten baken.

Op den Telleren jeweils e Steck Schockelasmousse-Kuch uriichten, a mat Sabayon an Meringue zerweieren.