Paul Hammelmann: Impfflicht-Gurtflicht

E Kollektiv vu gréisstendeels franséischen Affekote wëll elo zu Lëtzebuerg systematesch géint Entreprisë virgoen, déi Covid-Mesuren esou applizéieren, wéi d'Gesetz et virgesäit.
Hiert Argument besteet doraus ze behaapten, dat international an europäesch Konventiounen (hierarchesch) iwwert der nationaler Gesetzgebung stinn. Dat stëmmt an dat betrëfft an dësem Beräich déi europäesch Mënscherechtskonventioun, déi déi 47 Länner aus dem „Conseil de l’Europe“ ënnerschriwwen hunn.
Interpretéiert gëtt des Konventioun vum europäesche Geriichtshaff vun de Mënscherechter zu Stroossbuerg an deen huet an dësem Kontext am Abrëll 2021 dozou en Prinzipienurteel gesprach.
An senger Carte blanche kommentéiert an analyséiert de Jurist an Affekot Paul Hammelmann dësen Arrêt.
