François Aulner: Nach ëmmer fir den obligatoreschen Déngscht

26/11/2024
François Aulner: Nach ëmmer fir den obligatoreschen Déngscht
Play

"Nieft Verdeelungsmesure kéint en obligatoreschen Déngscht eng ëmmer méi ongläich Gesellschaft erëm méi zesummeschweessen." Dat hat de Fränz Aulner viru bësse méi ewéi véier Joer hei op RTL a sengem Commentaire proposéiert. Dat war iert Russland d'Ukrain ugegraff huet a Lëtzebuerg sech engagéiert huet, seng Militärausgaben drastesch an d'Luucht ze setzen. Et ass deemno net erstaunlech, wann eise Mataarbechter bei senger Meenung bliwwen ass.