Claude Zeimetz: Fënnef Joer no Corona gëtt et déck Zäit, d'Pandemie endlech opzeschaffen
27/02/2025

Viru bal genee fënnef Joer, den 29. Februar 2020 fir genee ze sinn, gouf et deen alleréischte Covid-Fall hei zu Lëtzebuerg. Wat duerno koum, wësse mer nach all, mä et wierkt mam Recul vun haut deels onreal: Lockdown, Ausgangsspär an Ausnamezoustand, Leit déi eleng hu misse stierwen, zoue Grenzen, 3G, 2G, A-B-Wochen an der Schoul... En demokrateschen Ausnamezoustand, dee vill Länner bis haut nach net opgeschafft hunn, mä all Interêt hätten, et ze maachen. Och Lëtzebuerg, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.