Maxime Gillen: Milliarde fir d'Defense: Lëtzebuerg muss schwiereg Decisioune beim Budget anstänneg kommunizéieren
06/03/2025

En Donneschdeg ass zu Bréissel e Spezial-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir iwwert déi aktuell Entwécklunge ronderëm d'Ukrain a virun allem fir iwwert déi europäesch Defense ze schwätzen. Rieds geet vun Honnerte Milliarden Euro, déi sollen zesumme mobiliséiert ginn. Dat bedeit natierlech och substanziell Contributioune vun de Memberlänner. Wat Lëtzebuerg an deem Kontext bereet ass op den Dësch ze leeën, ass aktuell awer nach vill ze vill onkloer, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.