Claude Zeimetz: D'Handyverbuet wäert net all Problemer léisen
22/04/2025

Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.