RTL: De Sportminister an d'INS-Hal

21/11/2016
RTL: De Sportminister an d'INS-Hal
Play

An de leschte Wochen ass jo d'Fro opkomm gewiescht, ob déi nei Sportshal, déi um INS gebaut soll ginn, net op d'mannst 3 Meter méi breet gemaach kéint ginn, fir datt déi jonk Sportler vu méi Trainingsfläch kéinte profitéieren. D'Plaz ass op alle Fall do! Déi zwee Deputéiert Nancy Kemp-Arendt vun der CSV an Claude Lamberty vun der DP haten an deem Sënn och parlamentaresch Froen un den Sportminister gestallt. De Romain Schneider huet de leschten Donneschdeg dorop geäntwert. Déi Äntwerten werfen awer vill méi Froen op wéi virdrun beäntwert goufen, fënnt de Franky Hippert a sengem Tëscheruff: