Nadine Gautier: Wien test de Pisa-Test?

08/12/2016
Nadine Gautier: Wien test de Pisa-Test?
Play

De Pisa-Test an der Form wéi en elo ass, bréngt eis net virun. Dat huet esouguer den Educatiounsminister Claude Meisch virgëschter während der Presentatioun vun der neier Pisa-Etude zouginn. Lëtzebuerg bleift zwar mat senge Resultater stabel, schneit awer am Generelle schlecht of a bleift ënnert dem OECD-Duerchschnëtt! Datt Pisa net d‘Realitéite vum Terrain berücksichtegt, domadder dierft nieft dem Ministère jiddereen d’Accord sinn, dee sech deen Test an d’Paramèteren ugekuckt huet. D‘Nadine Gautier mat engem Commentaire.