Fanny Kinsch: Wat ass eis wichteg genuch, dass et soll selbstverständlech sinn?

06/10/2020
Fanny Kinsch: Wat ass eis wichteg genuch, dass et soll selbstverständlech sinn?
Play

Gratis ëffentlechen Transport, Schoulbicher, Kannerbetreiung – all déi sozialpolitesch Mesure vun der aktueller Regierung ginn aktuell kritiséiert, well een hätt kënnen a misse spueren. D’CSV zum Beispill seet: Net jidderee soll dovu profitéieren, ma just déi Leit, déi et wierklech brauchen. Am Commentaire mengt d’Fanny Kinsch awer et ass besser d’Gesellschaft decidéiert wat sou wichteg ass, datt et fir jidderee selbstverständlech soll sinn.