Claude Zeimetz: Corona-Hierscht
15/10/2020

D'Gesondheetsministesch ass beonrouegt. Och zu Lëtzebuerg ginn d'Zuele vun de Corona-Fäll wéi erwaart nees erop. An d'Politik appelléiert un d'Populatioun, fir d'Entwécklung duerch hiert Verhalen nees emzekéieren, ouni wëlle méi restriktiv ze ginn. E Spagat, deen net einfach gëtt. E Commentaire vum Claude Zeimetz
