Claudia Kollwelter: Corona-Auszäit
15/12/2020

Frust, Ongewëssheet, Roserei an Onversteesdemech schénge mat all neier Annonce vu Säite vun der Politik par Rapport zu de Corona-Mesurë bei de Leit zouzehuelen. Gefiller, deene vill och ëmmer méi an ëmmer déi dacks fräie Laf an de sozialen Netzwierker loossen. D'Claudia Kollwelter mengt awer a sengem Commentaire, datt et elo mol un der Zäit wier, e bëssen erofzekommen.
