Roy Grotz: "Bleif Doheem": Méi Virbildfunktioun, manner Moralapostel
05/01/2021

En Dënschdeg de Mëtteg wësse mir méi, wéi et mat de Lockdown-Reegele weidergeet, déi d'Regierung ofgeseent huet. Eenzel Secteure gi sécher nees e Stéck opgemaach, allgemeng awer soll d'Land am Wanterschlof gehale ginn. D'Flemm gëtt méi grouss, déi legitim Erwaardungen och, seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.
