Claude Zeimetz: Si tacuisses
25/02/2021

D'Invitatioun fir d'Pressekonferenz ass den Donneschdeg de Moie kuerzfristeg komm. Nodeems mir an och déi aner Kolleege vun der Press an de leschten Deeg ëmmer nees Reaktiounen an Erklärunge vun de Concernéierte selwer zu hirem Verhale gefrot hunn. Nodeems d'Reprochen ëmmer méi grav an d'Kritik och vun der Politik ëmmer méi haart gouf, gouf et u sech nëmmen eng adequat Reaktioun. De Jean-Louis Schiltz huet den Donneschdeg de Moien awer gewisen, wéi ee mat enger Pressekonferenz alles just nach schlëmmer maache kann, fënnt d'Claude Zeimetz an engem Tëscheruff.
