Ëmmer méi Amerikaner wëlle Lëtzebuerger ginn
Eleng dëst Joer koume scho méi wéi 300 Demande vun US-Bierger aus de States, déi sech opgrond vun engem Famillje-Lien wëllen naturaliséiere loosse.
D'Lisa Wilkie war nach ni zu Lëtzebuerg, den Daniel Atz bis ewell eng Kéier. Hien ass zanter 2013 Lëtzebuerger. D'Lisa huet seng Demande viru kuerzem agereecht.
Méiglech ass dëst duerch den Artikel 29 am Naturaliséierungs Gesetz vum 23ten Oktober 2008. Dëst beseet, datt Nokommen an direkter Ligne vu Leit, déi am Joer 1900 d'Lëtzebuerger Nationalitéit haten, sech kënnen naturaliséiere loossen. Zanter d'Gesetz 2009 a Kraaft getrueden ass, si méi wéi 800 Demanden aus den USA komm. Besonnesch an de leschten 3 Joer ass d'Nofro massiv an d'Luucht gaangen. Bis ewell koumen eleng dëst Joer 315 Ufroen eran! Béis Zongen behaapten, de President Trump hätt eppes domadder ze dinn. Ass dat esou? Firwat wëlle Staatsbierger vun den USA - déi mächtegst Natioun vun der Welt - eis Nationalitéit? Wéi empfanne si hirem zweeten Heemechts Land géintiwwer?
Bei enger Bouneschlupp erzielt den Daniel Atz eis wéi hie seng Lëtzebuergesch Säit entdeckt huet a sech an Zukunft nach méi fir de Grand-Duché asetze wëll. Datt d'Lisa Wilkie zu Manhattan op senger Daachterrass Mais uplanzt, huet och eppes mat senge Lëtzebuerger Originnen ze dinn...
