E Magazin iwwer Moud am Noen Osten
17/10/2017
Wéi entwéckelt sech d’Moud am Noen Osten? Eng Fro mat där sech déi jonk Lëtzebuergerin a Libanesin Cynthia Jreige beschäftegt.
D'Äntwerten sicht sie an der Regioun sëlwer. Viru kuerzem gouf dann och zu Beirut d’Printversioun vu sengem eegene Moudemagasinn “JDEED” lancéiert. E Magazin dee vun a fir Moudendesigner aus der Regioun geduecht ass. D'Charlotte Bruneau war fir ons bei der Presentatioun derbäi.
