Summermagazin: E Réckbléck op de Scoutscamp Terraviva mat ronn 800 Leit
Am Juli war eng RTL-Ekipp e Moie laang um Scoutscamp hannert den Däichhalen zu Ettelbréck mat dobäi.
Mëttlerweil sinn d’Rucksäck wuel nees all ausgepaakt, d’Zelter geraumt an de Scoutscamp just nach eng Erënnerung. Ufank vun der Summervakanz zu Ettelbréck hannert der Däichhal huet dat awer nach ganz anescht ausgesinn. Hei war Scoutscamp ugesot fir ronn 800 Persounen.
Den Terraviva huet d’Scouten aus dem ganze Land invitéiert, et ass den nationalen Avexcamp fir Kanner tëscht 11 a 14 Joer. D’Thema vum Camp waren déi véier Elementer. Avex steet fir Aventuren an Explorer a genee déi sollen déi Jonk op esou engem Camp och erliewen.
“Hei hu mir eng Olympiad, déi haut a muer stattfënnt. Dann hu mir awer och de Fort Terraviva. Dat ass e groussen Escaperoom, wou si e ganzen Dag verbréngen. Da verloossen si och mol de Camp. Dat ass fir den Hike oder fir d’Visitt oder fir de Rallye duerch Ettelbréck”, esou d’Carole Barthelemy vun de Lëtzebuerger Guide a Scouten iwwert den Alldag um Camp.
10 Deeg laang war den Terraviva Enn Juli zu Ettelbréck. De Summercamp ass all Joers den Ofschloss vun engem Scoutsjoer. Spéitstens den Hierscht kënnen d’Biergschong an d’Foularden awer nees aus dem Schaf geholl ginn, wann dann déi nei Saison nees ufänkt an et dann nees heescht, Héich de Bockel voll Gepäck. Bei guddem an och mol méi schlechtem Wieder.