Philippe Schmitz - Bal um Recycling – mee ass dës Auer villäicht méi wäert?

D'Kelly Bausch an de Philippe Schmitz presentéieren bäi derwäert eng al Wandauer, déi si beim Akaf vun hirem Haus vun de Virgänger iwwerholl hunn.

Well si net hire Goût ass, sollt si bal um Recycling landen. Ier si sech awer dovu trennen, wëllen déi Zwee erausfannen, ob sech hannert dësem Objet net dach eng interessant Geschicht oder e Wäert verstoppt.