Tania Kremer - E Familljenalbum voller Heekelmusteren aus véier Generatiounen
D'Tania Kremer presentéiert bäi derwäert en aussergewéinlechen Album mat Heekelmusteren, dee schonn zënter véier Generatiounen an hirer Famill weidergi gëtt.
Déi eelst Mustere stamen aus dem Enn vum 19. Joerhonnert a weisen e Stéck Lëtzebuerger Handwierksgeschicht. Fir si steet net de finanzielle Wäert am Mëttelpunkt, mee d'Fro, ob et derwäert ass, dëse Familljeschatz och fir déi nächst Generatiounen ze konservéieren.
