Jérôme Reffay - E klassesche Sekretär soll engem gudden Zweck déngen

De Jérôme Reffay presentéiert bäi derwäert e klassesche Sekretär, deen hien 2008 bei engem Antiquaire zu Lëtzebuerg kaaft huet.

Well d'Miwwel net méi a säi Büro passt, iwwerleet hien, et ze verkafen. E groussen Deel vum Erléis soll un d'Fondation Kriibskrank Kanner goen, de Rescht ass fir seng Giedelche Lina geduecht.