Stroum deelen
14/05/2025
Zu Berbuerg hunn d'Famill Wirtz an hiren Noper ee Groupe de partage gegrënnt: si deelen d’Produktioun vun hirer Photovoltaik-Anlag direkt ënnereneen.
Doriwwer behaapten si e gemeinsame Win-Win–Effekt: de Produzent kritt méi fir säi Stroum, de Konsument bezilt manner – an all dat ganz einfach an digital.
Kuckt mat, wéi esou lokal Energie-Communautéiten en einfache Schrëtt an eng méi nohalteg Zukunft sinn!