Episod 5 - Liewen tëscht Bauerenhaustraditioun an architektonescher Eleganz
Meespelt: Vun der Partyscheier am Duerf zu engem lëftege Landsëtz am Weste vu Lëtzebuerg.
De Wunnberäich am ale Bauerenhaus zu Meespelt vu 1786 gouf duerch den Ëmbau vun der fréierer Heescheier méi grouss gemaach. Do, wou soss Fudder fir d’Déiere gelagert gouf, ass elo de moderne Wunn- an Iessberäich vun der Famill. Am nidderegen, alen Deel vum Bauerenhaus fënnt ee gemittlech Schlofzëmmer an eng Stuff, déi besonnesch am Wanter gäre gebraucht gëtt. Ursprénglech Elementer wéi den Daachstull, Sailen an d’Fassad goufen erhalen a bei neie goufen typesch Materialien aus der Regioun genotzt. Entstanen ass eng charmant Mëschung aus Al an Nei.
