Home(s) 4 mat Ënnertitelen: Dramschlass

Lëtzebuerger sicht Lager fir Baumaterialien – a fënnt Dramschlass fir d'Famill

Wéi den Daachdecker Francy Weyrich 2011 no engem Materiallager gesicht huet, entdeckt hien op dem offréierte Grondstéck d'Schlass aus dem 15. Joerhonnert, dat säitdeem mat vill Léift zesumme mat der Famill renovéiert gëtt: „Mir sinn all Weekend heihinner komm fir ze schaffen“ esou de Francy Weyrich, den nach präziséiert, datt de Projet „d'Famill zesummebruecht huet“. Wéi hien d'Schlass kaf huet, stounge vun den Niewegebaier praktesch just nach d'Grondmaueren. Eng Firma, déi ursprénglech ee Luxushotel doraus maache wollt, hat alles komplett entkäert. Säit 2012 lieft d'Famill elo op Schlass Kewenig, dat gläich hannert der lëtzebuerger Grenz läit. Reegelméisseg fannen hei Ausstellungen a Concerte statt an et gëtt och een Zëmmer fir sech ze bestueden: „Mir wëllen och aneren d'Méiglechkeet ginn, um Liewen op Schlass Kewenig deelzehuelen“ soen d'Schlassbesëtzer.