Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit

Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit
Play

D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun.

Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, et ass eng Plaz fir Austausch, Vernetzung an nei Iddien.