Charles Louis Machuron

27/07/2023

De Charles Louis Machuron ass de Grënner vu Silicon Luxembourg.

2013 huet de Fransous Charles-Louis Machuron d’Medien-Plattform Silicon Luxembourg gegrënnt. Hei dréint sech alles ronderëm d’Tech-Industrie an déi digital Ekonomie. Firwat hien To-Do-Lëschten net gär huet, a wéi seng éischt bescheide Schrëtt an der Aarbechtswelt ausgesinn hunn, verréit de Charles-Louis eis am Interview.