Bob Oberweis
10/08/2023
De Bob Oberweis ass bei der Pâtisserie Oberweis als Responsabel Expérience Client.
Um Lampertsbierg ass den 1. Februar 1964 den éischte Point de Vente vun der Bäckerei-Pâtisserie Oberweis opgaangen. Mam Bob a sengem Brudder Louis gëtt sou lues déi 3. Generatioun an de Betrib integréiert. Zanter 2022 hu si allebéid verschidde Funktioune bannent der Entreprise kritt.
