Antoine Clasen
21/08/2023
Den Antoine Clasen ass Generaldirekter vu Bernard Massard
2016 léist den Antoine Clasen säi Papp als Generaldirekter vu Bernard-Massard of. E Betrib, deen et zanter 102 Joer gëtt an haut 3,5 Millioune Fläsche Crémant a Schampes am Joer produzéiert – zu Lëtzebuerg dee gréisste privaten Hiersteller an deem Beräich. Mëttlerweil ginn d’Wäiner och a méi wéi 20 Länner exportéiert. Gegrënnt gouf de Betrib 1921 vum Jean Bernard-Massard zu Gréiwemaacher.
