Ray Hickey
31/08/2023
De Ray Hickey ass Co-fondateur vun Twisted Cat Craft Béier an der Urban Grupp vu Caféen a Restauranten.
1993 ass den Ir Ray Hickey op Lëtzebuerg komm – eigentlech just fir zwou Wochen. Ma wéi den Zoufall et wollt, ass hien ni méi fort gaangen. An der Kiche vun engem Restaurant huet hien deemools spontan ausgehollef. 2002 huet hien du mat sengem Brudder Tom déi éischt eege Bar opgemaach. Haut ass hien erfollegräiche Restaurateur an Entrepreneur mat enger Rei Lokaler.
