Apple Share
Play
1m 0s

Jobdag Audio-CV

Analia Benit (Apprentissage en pâtisserie)
Play
57s

Jobdag Audio-CV

Roshin Hussein (Apprentissage admin. et commercial)
Play
1m 2s

Jobdag Audio-CV

Metty Pleim (Agent socio pédagogique)
Play
54s

Jobdag Audio-CV

Mariss Ibtissam (aide soignante)
Play
47s

Jobdag Audio-CV

Bethlelehem Afewerri Hagos (Publicité)
Play
4m 24s

RTL Jobdag: en Hotel an de Siggi sichen

Op deene meeschte Büroen ginn um 08h d'Luuchten eréischt un, da lafen d'Kaffismaschinnen an d'Personal kënnt. Méi wéi een géif gären derzou gehéieren a géif sech och iwwer eng reegelméisseg Päi freeën. D'Zuelen um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart sinn awer net grad roseg, an dofir pake mir haut nees gären eng Hand mat un.
Play
4m 42s

RTL-Job a Léierplazendag

Um 08h, also a knapp 20 Minutten mécht den RTL Jobdag seng Dieren an der City Concorde op. Dee Moment waarden net manner wéi 100 Patronen op dee Richtegen, deen op hir Ausschreiwung passt. 17.735 Leit stinn de Moment ouni Aarbecht do, dat sinn der 1679 méi wéi 2023. Déi Zuelen sinn net encourageant. A nawell soll een de Kapp net an de Sand stiechen. Dëse 25ten September kann méiglecherweis e Liewen veränneren, wann een op dee richtege Betrib, dee richtegen Patron, ganz einfach dee richtegen Uspriechpartner stéisst.
Play
3m 30s

RTL-Jobdag: d'Sich huet schonn fréi ugefaangen

Um 08h00 huet den RTL Jobdag an der City Concorde seng Dieren opgemaach. 100 Patronen waarden drop dass se hier fräi Plazen haut mat deene beschte Kandidaten besetze kënnen déi aktuell um Maart ze fanne sinn. Et mussen just déi zwee richteg sech fannen, well un Demandeurs d'emploi feelt et den Ament jo net.
Play
4m 46s

RTL-Jobdag: haut och mat Léierplazen an alle Beräicher

Polizist, Pompjee, Léierin oder Déierendokter. Als Kand huet een dach ëmmer sou eng Virstellung vu sengem Dramjob. Vläicht geet haut deen een oder aneren Dram an Erfëllung well Plazen gëtt et der genuch, opgedeelt op 13 Beräicher, jee nodeem wat Iech entsprécht. Gesondheetsberäich, IT-Spezialist, Administratioun oder Bau, alles ass vertrueden. Um RTL Jobdag an der City Concorde.
Play
3m 58s

RTL-Jobdag: Eng Crèche sicht Personal

Et ass Jobdag op RTL an de ganzen Dag iwwer hëllefe mir de Leit op hirem Wee den zukünftegen Dramjob ze fannen. Sämtlech Betriber sinn haut de ganzen Dag iwwer an der City Concorde vertrueden a siche Mataarbechter.
Play
5m 6s

RTL-Jobdag: Infirmièren, Aides-soignanten an Ergotherapeuten gesicht

'Wann een ee kennt deen ee kennt', konnt een an der Zäit emol un eng flott Plaz kommen, mee déi Zäiten gëtt et net méi. 'Haut muss een zeg Demanden schreiwen, an dann ass een mol net sécher dass een eng Äntwert kritt' heescht et haut vill. Um RTL Jobdag an der City Concorde kann een eng Plaz kréien ouni dee laange Wee, hei kann een sur place direkt mam Patron oder dem Personalchef schwätzen, a ganz dacks ginn direkt d'Formalitéiten gekläert wann béid Säiten averstane sinn.
Play
4m 50s

RTL-Jobdag: Eng Immobilière sicht nei Leit

Jobdag haut de ganzen Dag an der City Concorde. Do wou ee soss shoppe geet a seng Kommissioune mëscht kann een haut vläicht och nach säin Dramjob fannen. Sichen, sech virstellen a natierlech och den CV weisen, ënnert anerem dat steet un. De Patrick Greis an de Loïc Juchem sinn op der Plaz a begleeden iech bei der Jobsich.
Play
5m 12s

RTL-Jobdag: Gesicht gi Leit fir eng Botzfirma an 11 Bensinnsstatiounen

Et ass RTL Jobdag an der City Concorde. Wann der haut do ënnerwee sitt, dann ass d'Chance grouss, datt ee sech duerch eng Mass vu Leit muss drécken. Vill vun hinnen sichen no hirem Gléck a wëllen berufflech e neie Wee goen. RTL hëlleft dobäi an dat och iwwert de Radio. De Patrick Greis an de Loïc Juchem hunn elo nei Jobofferen fir eis.
Play
5m 10s

RTL-Jobdag: Och an der Fleeg gi kompetent Leit gebraucht

Wann dir op der Sich no enger Aarbecht sidd dann heescht et haut gutt nolauschteren oder eventuell bis an d'City Concorde fueren. Et ass nämlech RTL Jobdag an de Patrick Greis an de Loïc Juchem sinn fir eis mat dobäi an stellen eis elo 2 Betriber vir.
Play
5m 17s

RTL-Jobdag: Et gi Leit fir d'Gastronomie gesicht

Zanter de Moie fréi wibbelen se an der City Concorde. Nach bis 18h00 hutt dir Zäit bis laanscht ze goen an ären Dramjob ze fannen. Op der Plaz si fir eis de Patrick Greis an de Loïc Juchem!
Play
3m 43s

RTL-Jobdag: De Countdown leeft

Den RTL Jobdag gëtt et 3x am Joer wou Patronen aus 13 verschiddene Branchen wärend 10 Stonnen rekrutéieren. 100 verschidden Patronen hu sech haut um 08h00 an der City Concorde Rendez-vous ginn fir hier fräi Plazen optimal ze besetzen, fir dass och déi nächst Zäit d'Aarbecht an hirem Betrib sou gutt a sou effikass wéi méiglech gemaach gëtt. Bis 18h00 kann een elo nach bis laanscht kommen an den Job vum Liewen fannen.
Play
50s

Jobdag Audio-CV

Leonard Furtado (Logistik)
Play
1m 5s

Jobdag Audio-CV

Christioph Tintinger (Office-Facilitymanager)
Play
2m 9s

RTL JobDag en Donneschdeg an der City Concorde: 3 Leit déi och sichen

5,9% waren zu Lëtzebuerg Enn des Jores op der Sich no enger Schaff, an 5.935 Plazen hunn trotz enger grousser Sich net dee richtege Kandidat fonnt. Den RTL Jobdag wëll en Donneschdeg nees massiv eng Hand upaken, a mat 100 Patronen aus den ënnerschiddlechsten Branchen an der City Concorde souvill wéi méiglech fräi Plazen vermëttelen. Am Virfeld huet de Patrick Greis awer och mat e puer Leit geschwat, déi de Moment näischt aneschtes maachen wéi Demanden schreiwen, Patrick Greis.
Play
42s

Jobdag Audio-CV

Lahaie Jean-François (Concierge)
Play
50s

Jobdag Audio-CV

Berthold Petouo (audit interne)
Play
1m 14s

Jobdag Audio-CV

Mads Engelund (Data Analyst)
Play
4m 56s

RTL Jobdag: Vun 08h bis 18h an der City Concorde

Heiansdo brauch een am Liewen just een, deen een motivéiert, deen engem eng Hand upaakt an hëlleft. An dat maache mir haut de ganzen Dag um Radio, op rtl.lu awer och an der City Concorde am gréissten RTL Jobcenter vum Land. Haut ass deen éischten vun 3 RTL Jobdeeg déi am Laf vum Joer organiséiert ginn, an do ass et 'nach' roueg.
Play
5m 0s

RTL Jobdag: Gespréich mam Laurent Peusch vun der Adem

Traureg Zuelen gëtt et de Moment Mount fir Mount vum Aarbechtsmaart. 19.532 Leit hunn Enn Dezember d'lescht Joer no enger Plaz gesicht, an et gesäit net sou aus wéi wann et besser géing ginn, dat weisen och déi lescht Annoncen vu gëscht wou direkt zwee Betriber matgedeelt hunn dass d'Zäiten schlecht sinn, an zimmlech vill Leit mussen entlooss ginn. Mir wëllen haut e bësschen Hoffnung verbreeden mam RTL Jobdag, well et gëtt nach fräi Plazen, eleng eng 6.700 an der Sichmaschinn op jobdag.lu, a natierlech am groussen RTL Jobcenter deen haut an der City Concorde ass.
Play
5m 44s

RTL Jobdag: Sodexo an d'Fondation Autisme sichen am groussen

Et misst sech erëmgeschwat hunn, dass een haut op enger Plaz am Land, op ronn 100 verschidde Patronen trëfft, déi alles dru setzen dass dir fir den Owend eng nei Aarbechtsplaz hutt, well hinnen ass och dru geleeën hir fräi Plazen ze besetzen, well Leit a Pensioun gaange sinn, well se sech vergréisseren oder einfach d'Ekipp verännere wëllen. Dat sinn natierlech gutt Nouvellen fir jiddereen deen aktuell op der Sich ass, an elo d'Oueren grouss ophale soll.
Play
5m 15s

RTL Jobdag: de CHL an d'International School of Luxembourg rekrutéieren

'De Bouche à oreille' ass nach ëmmer déi beschten Reklamm, an dat maache mir hei um Radio, mir soen Iech Saachen weider, déi de roueg wëssen kënnt, well et geet ëm Aarbechtsplazen déi den Ament net besat, a wou d'Patronen am léifsten fir direkt déi néideg Leit sichen an astelle wëllen. Am groussen RTL Jobcenter an der City Concorde ass zanter enger Stonn eng méi lass.
Play
4m 32s

RTL Jobdag: Kronospan an MR Rheinhausen

Vill Leit sichen eng nei Aarbecht - ëm déi 19.000 waren Enn Dezember bei der Adem ageschriwwen -  anerer hu vläicht einfach Loscht op een neien Challenge... Um RTL Jobdag an der City Concorde hëllefe mir weider. Eng 100 Patrone stellen hir fräi Plaze vir. 
Play
5m 57s

RTL Jobdag: Intérim bei LIP an Daachdecker

Eng Zort Speed-dating tëscht Betriber, déi astellen an Leit op Aarbechtsich. Dat ass den RTL Jobdag. Haut an der City Concorde. Zech Betriber aus alle Beräicher si present. An den Undrang ass grouss.
Play
5m 43s

RTL Jobdag: Fleegesecteur a Restauratioun

Aarbechtsich kann heiansdo laangwiereg sinn a mat Enttäuschunge verbonnen, wann et mol kaum zu Virstellungsgespréicher kënnt. Um RTL Jobdag proposéiere mir Iech haut eng kleng Ofkierzung. Bis den Owend 18h kënnt dir ÏEch an der City Concorde bei enger Hellewull Betriber perséinlech virstellen. 
Play
6m 20s

RTL Jobdag: Baumaart an Electro-Center stellen an

Deen, deen no der Schoul eng Plaz sicht, ... eng Paus ageluecht huet oder sech verännere wëll deen kann haut an der City Concorde op seng Käschten kommen, well jiddereen vun den 100 Patronen, déi am gréissten Jobcenter vum Land present sinn, huet op d'mannst eng Handvoll Plazen, an dat kann ganz gär, bis op 20, 30 oder nach méi eropgoen. Et ass een also nach net ze spéit un, wann een sech och elo eréischt op de Wee op d'Helfenterbréck mécht.
Play
5m 49s

RTL Jobdag: Foyer Assurances a Kannerduerf

Schaffen mussen déi meescht vun eis. Ëmsou besser wann d'Aarbecht dann och Freed mécht. Op jobdag.lu fannt dir ronn 7000 Aarbechtsplazen déi ausgeschriwwe sinn. Eng Rei vun de Betriber, déi nei Mataarbechter sichen, maachen haut mat beim RTL Jobdag an der City Concorde an hoffe souzesoen op de "perfect Match"
Play
5m 11s

RTL Jobdag: SNJ, Aztec Group an Arcus

Eis Aarbechtssich um Jobdag geet an déi zweetleschte Ronn. Dofir schalte mer direkt op d'Plaz bei de Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes an d'City Concorde
Play
5m 8s

RTL Jobdag: d'Post sicht ënnerschiddlech Profiller an Aura Groupe brauch dringend Educateuren

De Countdown vum éischten RTL Jobdag an dësem Joer leeft. 10 Stonnen konnt een elo den Tour duerch de gréissten Jobcenter aus dem Land maachen, fir sech en Job op Zäit als Interim, e CDD oder carrément e CDI ze sécheren. Vill positiv Gespréicher sinn gefouert ginn, an et ass nach net ganz fäerdeg.
Play
5m 27s

Léierplazendag op der YEP Schoulfoire

D'Sich no de Léierplazen ass am gaangen. Op der YEP Schoulfoire ass haut tëscht 9 an 13 eng éischt Geleeënheet fir sech z'informéieren an ze kucken wat passt oder wat méiglech ass fir e Patron de Stage ze fannen. D'Bandbreet ass grouss vum Mecanicien iwwer Bäcker a Metzler oder Coiffeur fir nëmmen déi ze nennen. De Patrick Greis ass sur place fir sech e Bild ze maachen.
Play
2m 28s

RTL-Jobdag en Donneschdeg um Belval

Fir deen zweeten RTL Jobdag vum Joer geet et an de Minett. Vu moies 8 bis owes 18h gëtt et en Donneschdeg nees e groussen Maart mat Jobofferen aus alle Beräicher. D'Patronen sinn zum Deel selwer op der Plaz, oder Leit aus dem Personalbüro, déi awer net just d'CV'en asammelen mee och d'Leit op der Sich beroden a sech no gudde Leit fir de Betrib ëmkucken. Am Virfeld stelle mer Iech awer och hei um Radio schonn e puer interessant Profiller vir.
Play
2m 30s

RTL-Jobdag: Muer vun 8 bis 18h um Belval

Dräimol am Joer gëtt et den RTL Jobdag, an all Kéier op enger anerer Plaz. Vun 8 Auer un kann een muer säin Gléck um Belval versichen, wou méi wéi 90 Stänn just drop waarden, Leit, déi op der Sich sinn, eng Plaz ze vermëttelen. D'Zäiten um Aarbechtsmaart sinn de Moment net roseg, fir keen, och net fir d'Patronen. Awer hei sinn zwee Kandidaten déi hier Chance verdéngt hunn.
Play
4m 33s

RTL Jobdag: Arméi a Moovijob rekrutéieren

E ganz besonneschen Dag erwaart haut all déi um Belval, déi op der Sich no engem Job sinn, oder sech verännere wëllen. An 90 Minutten ass et den Optakt vum RTL Jobdag am Belval Plaza mat iwwer 90 Stänn déi haut just drop waarden dass déi richteg Kandidaten sech presentéiere kommen. E klenge Virgeschmaach gëtt et awer och schonn direkt vun der Plaz, dass ee sech e Bild maache kann, wat leeft.
Play
3m 46s

RTL Jobdag: Interview mam Laurent Peusch vun der adem

D'Zuelen um Aarbechtsmaart weisen net an déi richteg Richtung a schwätzen de Moment leider eng kloer Sprooch. Mir leien bei 5,9% oder an ganzen Zuelen ausgedréckt, stinn mir bei 18.903 Leit déi op der Sich sinn op den 31ten Mäerz 2025. Dat sinn der 1.249 Persounen méi wéi d'lescht Joer ëm déi selwecht Zäit. Fir dass dat net sou bleift gëtt et den RTL Jobdag, an d'adem. De Patrick Greis huet de Laurent Peusch um Belval bei sech.
Play
5m 18s

RTL Jobdag: 'Privilège Services' an de 'Fonds de logement' sichen

Et misst sech schonn erëmgeschwat hunn, dass een haut am Belval Plaza, op ronn 90 verschidde Patronen trëfft, déi alles dru setzen dass dir fir den Owend eng nei Aarbechtsplaz hutt, well hinnen ass och dru geleeën hir fräi Plazen ze besetzen, well Leit a Pensioun gaange sinn, well se sech vergréisseren oder einfach d'Ekipp verännere wëllen. Dat sinn natierlech gutt Nouvellen fir jiddereen deen aktuell op der Sich ass, an elo d'Oueren grouss ophale soll.
Play
4m 46s

RTL Jobdag: En Elektriker an de 'BlackRidge Group' rekrutéieren

D'Babyboomer, also déi Joren vun 1950 bis 1964, wou ganz vill Kanner op d'Welt komm sinn ginn sou lues an d'Pensioun, an dofir muss elo Nowuess kommen. Frëscht Blutt, nei Talenter déi hiert Wëssen an d'Betriber abrénge kënnen. Am Belval Plaza ass haut RTL Jobdag, an d'Patronen stinn beim Raphaelle Dickes a Patrick Greis an der Rei fir de Fanger ze weisen an op hir Situatioun opmierksam ze maachen.
Play
5m 3s

RTL Jobdag: Gesicht: 'Assistante à la direction' an Ënnerstëtzung fir eng Botzfirma

40 Stonne Woch, 75% oder eng hallef Tâche dat sinn Detailer. Um RTL Jobdag am Belval Plaza geet et virun allem drëm eng Plaz ze fannen, déi engem zouseet, wou ee Spaass drun huet an déi engem säi Liewen finanzéiert. 90 Betriber siche bis 18h op 2 Stéck am groussen Akafszenter zu Esch motivéiert Personal  a liwwere sech e klengen Duell fir déi beschte Profiller ze fannen.
Play
3m 57s

RTL Jobdag: Techniker am Sécherheetsberäich an Heizungstechniker gesicht

An der Zäit huet een ëmmer Leit aus dem Bekanntekrees gefrot op keen eppes wéisst, wou fräi Plazen ze fanne sinn. Haut geet et och nach ëmmer 'de bouche à oreille' mat Hëllef vum Radio. All Stonne picke mer e puer fräi Aarbechtsplazen aus dem grousse Pool eraus, mat Plazen déi ze besetzen sinn. An t'wier nees un der Zäit d'Oueren grouss opzemaachen bei deem wat mer elo vum RTL Jobdag am Belval Plaza gebuede kréien.
Play
5m 20s

RTL Jobdag: en Educateur fir eng Crèche, Schweesser an e Camionschauffer ...

De Prinzip vum RTL Jobdag ass net nei, mee huet sech bewäert, well just hei léiert een säin zukünftegen Patron direkt sur place kennen a schéckt seng Demande net einfach ouni ze wëssen op se op fruchtbaren Buedem fält oder net. Hei kann een sech ënnerhalen a kucken op een sech eens gëtt. 3x d'Joer bitt sech d'Geleeënheet an haut kann een nach bis 18h am Belval Plaza bis laanscht goen.
Play
4m 34s

RTL Jobdag: Camionschaufferen, Serveuren a Käch gesicht

De Bléck an eng Glaskugel hu mir och net, a wësse net wat an de nächste Stonnen geschitt, just wann der en Job sicht, dann kann Iech haut um Belval gehollef ginn, an dat kann ënner Ëmstänn ganz séier goen. Beispiller wou et geklappt huet gëtt et der genuch. A wann der nach net do sidd, dann lauschtert gutt no, well mir hunn och zwee Betriber déi astellen.
Play
5m 8s

RTL Jobdag: Techniker fir Aarbechten an der Héicht a Kichevendeuren

Fräi Aarbechtsplazen sinn vill gesicht. Bal liest een eppes hei oder héiert eppes do. Um RTL Jobdag regroupéiere mer alles an deelen a verschidden Beräicher op. Méi wéi 7.400 Plazen gëtt et eleng op jobdag.lu. Mee wien dat perséinlecht Gespréich sicht, deen ass haut am Belval Plaza richteg.
Play
4m 29s

RTL Jobdag: Zuchchaufferen an Animateuren fir Kanneraktivitéiten ginn gebraucht

Schonn als Kand huet een säin Dramberuff, vum Dokter iwwer de Polizist bei de Pilot, oder wat een soss sou gesinn huet a fir dat een schwäermt. Vläicht geet elo an de nächste Minutten äre Wonsch an Erfëllung well um RTL Jobdag am Belval Plaza lafen vill Beruffsgruppen zesummen an iwwerall gëtt gesicht.
Play
3m 45s

RTL Jobdag: Metzler an Personal fir an d'Keesen gebraucht

Et soll een net opginn, bis dass näischt méi geet, dat gëllt och bei der Sich no engem neien Job. Grënn firwat een sicht gëtt et der genuch, well et engem net méi gefall huet, een geplënnert ass oder well et aus Käschtegrënn zu enger Kënnegung koum. Mee bis 18h kann een um RTL Jobdag nach vill Betriber kenne léieren déi fräi Plazen ze besetzen hunn.