RTL Jobdag: Chauffeuren, Poissonier, verschidden Techniker, Usträicher, Maurer an aner Handwierker

18.000 Leit si bei der Adem ageschriwwe well si eng Aarbecht sichen. Eng Hausse notéiert d'ADEM am Mount August bei de Leit vun iwwer 45 Joer a bei deenen, déi méi héich qualifizéiert sinn. Egal wéi al dir sidd oder wou dir stidd: mam RTL Jobdag probéiere mir Iech d'Jobsich haut méi einfach ze maachen.
