Apple Share
Play
1m 7s

Jobdag Audio-CV

Thimany Diana (Apprentissage Agent Inclusion)
Play
1m 2s

Jobdag Audio-CV

Radojevic Zoran (Sportsprof)
Play
1m 8s

Jobdag Audio-CV

Dos Santos Elza (Bauzeechnerin)
Play
2m 19s

RTL Job- a Léierplazendag: Muer am Shopping Center 'Cloche d'or'

18.065 Leit sichen, op de leschte Mount, aktiv no enger Aarbecht. Fir si all organiséiert RTL muer zesummen mat der adem den RTL Job- a Léierplazendag, wou 100 Entreprisen aus de Beräicher Horeca, Bau, Logistik, IT, Finanzen, Industrie, Fonction publique, Service an Interim, Santé, Handwierk a Commerce ze fannen sinn. Och de Kevin an de Zoran hoffen drop sou séier wéi méiglech e konkret Virstellungsgespréich bei engem Patron ze kréien fir nees regulär schaffen ze goen.
Play
48s

Jobdag Audio-CV

Kevin (Intermédiaire textile)
Play
6m 25s

RTL Jobdag: Arméi an 'Associatioun Luxembourg-Alzheimerè' rekrutéieren

De Chômagetaux louch am August bei 5,9%. An déi 18.065 hu sech dësen Dag bestëmmt rout op hirem Kalenner ageschriwwen, well haut hunn RTL an d'adem sech nees zesummegedoen fir bis 18h den Owend am Shopping Center Cloche d'or e Maximum u fräie Plazen ze besetzen. Jiddereen ass wëllkomm an um 8h maachen d'Dieren op.
Play
5m 18s

RTL Job- a Léierplazendag: Léierbouwen a Léiermeedercher gesicht

D'Zuelen vum Aarbechtsmaart sinn de Moment net encourageant. A nawell sichen vill Patronen no Leit déi se net fannen. Mir wëllen haut nees aktiv bei der Sich hëllefen a béid Säiten beieneen bréngen ... Eleng 7.582 Plazen weisen sech un wann een am Jobportal vun rtl.lu sicht. An elo kënnt déi grouss Jobfoire derbäi wou och d'Léierplazen eng grouss Roll spillen.
Play
6m 13s

RTL Jobdag: Leit fir an der Fleeg an Personal fir Zeitungen auszedroen gesicht

Um 08h00 huet den RTL Jobdag am Shopping Center 'Cloche d'or' ugefaangen. Et muss ee sech dat emol virstellen. 100 Patronen waarden drop dass se hier fräi Plazen haut mat deene beschte Kandidaten besetze kënnen déi aktuell um Maart ze fanne sinn. Et mussen just déi zwee richteg sech fannen, well un Demandeurs d'emploi feelt et den Ament jo net.
Play
5m 38s

RTL Jobdag: Käch an diploméiert Erzéier, Lackéierer an Vendeuren vun Autoen gesicht

Wann een als Kand gefrot gëtt, wat wëll's du dann eng Kéier ginn, dann kënnt d'Äntwert meeschtens wéi aus der Pistoul. Och wann de Berufswonsch vläicht heiansdo ännert. Haut steet de Wonsch no Aarbecht virun allem, fir sech seng Kuuscht ze verdéngen. RTL hëlleft aktiv fir déi adequat Plaz ze fannen an invitéiert Iech haut de ganzen Dag op den RTL Job- a Léierplazendag am Shopping Center 'Cloche d'or'.
Play
6m 38s

RTL Jobdag: CFL an d'Fondation Kannerduerf brauchen Manpower

Nodeems, dass mir déi lescht Deeg mat den Audio-CV'en Reklamm fir Leit gemaach hunn, déi op der Sich no engem Job sinn, an déi bis elo eidel ausgaange sinn, dréie mir haut de Spiiss ëm an geheien en A op d'Patron'en déi rekrutéiere wëllen. Zanter 8 de Moien a bis den Owend 18h ass d'Cloche d'or d'Ulafplaz fir jiddereen deen bei engem Patron ënner komme wëll.
Play
5m 2s

RTL Jobdag: Assistant(e) administratif(-ve), Magasinieren, Mecanicien fir Siloen a Conseiller de Vente

Ëm déi 18.000 Leit am Land sinn op der Sich no enger Aarbecht. Esouvill waren der jiddefalls Enn August bei der Adem ageschriwwen. De Chômage-Taux läit bei 5,9%. Mir hëllefen haut bei der Aarbechtssich um RTL Jobdag am Shoppingzenter Cloche d'Or. 
Play
5m 34s

RTL Jobdag: Monteur, Techniker an Animateuren

Déi eng wëlle wiesselen, déi aner brauchen onbedéngt eng, an nach anerer schafe se: Aarbechtsplazen. Eng konstant Dynamik op eisem Aarbechtsmaart, och wann an der Lescht manner nei Plazen bäikommen... Um RTL Jobdag op der Cloche d'Or ginn der haut vill op ee coup ugebueden. 
Play
6m 43s

RTL Jobdag: Personal fir Wunnstrukture fir eeler Leit, Techniker an Elektriker

Digitalisatioun asss d'Stéchwuert an eiser Zäit. Och an der Aarbechtswelt brauch een ëmmer méi digital Kompetenzen. An trotzdem: am Virstellungsgespréich kënnt et virop mol op dat perséinlecht un. Um RTL Jobdag op der Cloche d'Or kënnt dir där Entretienen haut Bosende féieren. 
Play
5m 42s

RTL Jobdag: Luxtram a Spezialiste fir Sécherheetstechnik

Net jiddereen keent sech aus mat der Aarbechtssich. Dofir pake mir haut eng Hand mat un. Am Shoppingcenter Cloche d'OR ass Jobdag, do kënnt dir Iech bei 100 Betriber perséinlech virstellen. Wéi eng Profiller gi gesicht? 
Play
4m 54s

RTL Jobdag: Chauffeuren, Poissonier, verschidden Techniker, Usträicher, Maurer an aner Handwierker

18.000 Leit si bei der Adem ageschriwwe well si eng Aarbecht sichen. Eng Hausse notéiert d'ADEM am Mount August bei de Leit vun iwwer 45 Joer a bei deenen, déi méi héich qualifizéiert sinn. Egal wéi al dir sidd oder wou dir stidd: mam RTL Jobdag probéiere mir Iech d'Jobsich haut méi einfach ze maachen. 
Play
4m 43s

RTL Jobdag: Autos-Garnisseur, Preparateur vu Baatschen an Hauspersonal

Mir ginn an déi leschte Ronn vum RTL Jobdag op der Cloche d'Or. 10 Stonne laang war den Jobcenter op, lo mécht e seng Dieren zou. Wéi ee Bilan kann een zéien? Fro un de Patrick Greis an d'Raphaelle Dickes, déi fir eis op der Plaz sinn.