RTL Jobdag: Interesséieren Iech Plazen am 'Fastfood' a bei medezineschen Analysen?

RTL Jobdag: Interesséieren Iech Plazen am 'Fastfood' a bei medezineschen Analysen?
Play

Ugeholl Dir hat et déi lescht Zäit net einfach fir déi Aarbechtsplaz am Liewen ze fannen, déi Iech zouseet, déi Spaass mécht a wou Dir och nach genuch verdéngt, dann zéckt net laang a fuert nach virun 18h00 um RTL Jobdag am Belval Plaza laanscht. 90 Patronen verspriechen Iech do e puer Honnert fräi Plazen. Huelt just ären CV mat a setzt e frëndlecht Gesiicht op, an da misst dat scho klappen.