RTL-Jobdag: haut och mat Léierplazen an alle Beräicher

RTL-Jobdag: haut och mat Léierplazen an alle Beräicher
Play

Polizist, Pompjee, Léierin oder Déierendokter. Als Kand huet een dach ëmmer sou eng Virstellung vu sengem Dramjob. Vläicht geet haut deen een oder aneren Dram an Erfëllung well Plazen gëtt et der genuch, opgedeelt op 13 Beräicher, jee nodeem wat Iech entsprécht. Gesondheetsberäich, IT-Spezialist, Administratioun oder Bau, alles ass vertrueden. Um RTL Jobdag an der City Concorde.