RTL JobDag en Donneschdeg an der City Concorde: 3 Leit déi och sichen

5,9% waren zu Lëtzebuerg Enn des Jores op der Sich no enger Schaff, an 5.935 Plazen hunn trotz enger grousser Sich net dee richtege Kandidat fonnt. Den RTL Jobdag wëll en Donneschdeg nees massiv eng Hand upaken, a mat 100 Patronen aus den ënnerschiddlechsten Branchen an der City Concorde souvill wéi méiglech fräi Plazen vermëttelen. Am Virfeld huet de Patrick Greis awer och mat e puer Leit geschwat, déi de Moment näischt aneschtes maachen wéi Demanden schreiwen, Patrick Greis.