RTL Jobdag: d'Post sicht ënnerschiddlech Profiller an Aura Groupe brauch dringend Educateuren

De Countdown vum éischten RTL Jobdag an dësem Joer leeft. 10 Stonnen konnt een elo den Tour duerch de gréissten Jobcenter aus dem Land maachen, fir sech en Job op Zäit als Interim, e CDD oder carrément e CDI ze sécheren. Vill positiv Gespréicher sinn gefouert ginn, an et ass nach net ganz fäerdeg.