KannaNiuuss vum 25. September

Dëse Freideg war nees Klimastreik, An den Niuuss kucke mir wéi esou e Streik organiséiert gëtt. Am Iran war och Streik, mä do war et fir d'Rechter vun de Fraen.

Am Futtball huet Lëtzebuerg ganz gutt an der Tierkei gespillt, do weise mir Iech d'Biller. An natierlech kucke mir och op d'Begriefnës vun der Queen Elisabeth II zeréck, dat gouf leschte Méindeg iwwerall op der Welt live op der Télé iwwerdroen.