Kannativi vum 19. Abrëll 2026

19/04/2026

De Mish an de Klaus si genervt vum Stau op der Mëllechstrooss.

Dino Tino 21: Mammout Mound
All 500 Joer fält e Schied op de Mound, deen dann ausgesäit ewéi e Mammout. Zu der Traditioun gehéiert dann och en Hokus Pokus Ritual. Dorobber freeë sech den Tino a seng Frënn a si wëllen dee Spektakel op kee Fall verpassen.

WDW: Nues
Wat geschitt eigentlech an eiser Nues, wann et no frëschem Brout, Kaffi oder engem leckere Kuch richt? A firwat schmaacht Iessen op eemol ganz anescht, wann d'Nues zou ass? An dëser Emissioun entdecke mir déi spannend Welt vum Gerochsënn: Wéi eis Nues Gerécher erkennt, eis viru Geforen warnt an esouguer beim Schmaache matschafft. Eng kleng Nues mat enger riseger Aufgab!

Quatschkäpp Episod 22: Eng gelunge Geschicht
D'Olive zeechent e ganz grouss Buch fir de Raoul, den eng Geschicht fir d'Schoul schreiwe soll, mee net weess, wéi en dat maache soll. Si ginn an d'Buch eran, sprange vu Buch zu Buch a stoussen dobäi op d'ellen Intchen, déi sech verlaf huet. Si hëllefen hir, hir Geschicht nees erëmzefannen.

Zenarist: Philippe Traversat

Kannaniuuss