Kannativi vum 27. September 2026
Um internationale Welttourismusdag wëll de Klaus eng Anti Touriste Mars Demo organiséieren. Mä net jiddereen ass doriwwer begeeschtert
Quatschkäpp: Dee grousse Verkleed-Concours
D'Schoul organiséiert e Kostümsconcours, mee et fänkt net gutt un, well d'Pétole säi Prinzessinekostüm net kritt huet. D'Olive zeechent d'Entrée vun engem Schlass a si maachen sech op d'Sich no engem Kostüm fir d'Pétole. Et wäert net einfach sinn, sech tëschent dem Ritter Joris, den an d'Prinzessin verléift ass, an dem béise Kinnek erëmzefannen.
Weess de wat?! zesumme mat GEOLINO TV: Astronautentraining
Astronaut, e Beruffswonsch dee vill kleng a grouss Leit hunn. Mä bis dohinner ass et e wäite Wee. An der Astronaute Schoul stinn e ganze Koup verschidde Fächer um Stonneplang, Esou zum Beispill och Schwammen.
Den Dino Tino an d’Lucy: De Lift streikt
Den Tino an d'Lucy hunn e grousse Problem.Déi zwee mussen d'Gepäck vun der Lady Lava op de Flughafen transportéieren. Mä de Lift ass futti. Fir dat d'Madame awer hire Fliger net verpasst, paakt dat ganzt Duerf eng Hand mat un.
