Kannativi vum 4. Oktober 2026

04/10/2026

Um Weltdéiereschutzdag sollen Erza an d'Suzy erausfannen, wéi engen Déieren et guet net gutt geet. Hir Missioun fänkt bei den Orang Utans an Amazonien un.

Quatschkäpp Episod 34: D’Land hannert dem Spigel
Haut sinn am Liewe vun de Quiquoie vill komesch Saache passéiert. Dat erënnert de Mixo un d'Geschicht vun engem klenge Meedchen op der anerer Säit vun engem Spigel. D'Olive zeechent de Spigel, si lafen doduerch an zerbriechen en aus Versinn. Si wäerten en anere fanne mussen, fir zeréckzekommen. Hei ass alles verkéiert: D'Schleeken si schnell an d'Inte ginn ënner...
Zenarist: Laurent Rivelaygue

Weess de wat?! zesumme mat GEOLINO TV: Schlofen ass schéin
1/3 vun eisem Liewe verschlofe mir. Mä dat huet näischt mat lidderesch ze dinn. Virun allem brauch eise Kierper dës Rou fir den Immunsystem ze stäerken.

DIno Tino 35: Cocosburger
Den Tino an d' Lucy hu Loscht op en dräifache Cocosburger. Mä de Patron vum Kiosk muss séier fort an esou iwwerhuelen déi zwee seng Aarbecht. Dobäi hunn awer d'Clientë ganz speziell Wënsch an den Tino ass komplett iwwerfuerdert.