Kannativi vum 11. Oktober 2026
De Klaus freet sech, dat hien eleng ass a seng Rou huet.
Bis de Kommandant sech mellt an hien am Kader vun enger imminenter interstellarer Expeditioun op eng Missioun schéckt.
Quatschkäpp Episod 35: Eng komesch ägyptesch Pyramid
De Mixo huet decidéiert, Hieroglyphen ze léieren, mee natierlech wär et ideal, si richteg an Ägypten ze gesinn.D'Olive zeechent e Kaméil, an éier si et realiséiere stinn si scho virun enger Pyramid. Bannendra begéinen si engem gieregen Entdecker, deen sech an de Couloire verlaf huet...
Zenarist: Laurent Rivelaygue
Weess de wat?! zesumme mat GEOLINO TV
Viru Millioune vu Joeren hunn Dinosaurier souzesoen d'Welt regéiert. Haut si nach just Schanke vun hinnen iwwreg. Fir d'Archeologen, déi sech op d'Sich no Iwwerreschter aus der Vergaangenheet maachen, ass dat ewéi e riseg grousse Puzzle.
Den Dino Tino an d’Lucy: 36 Ourestëpp
D'Lady Lava gëtt e Concert, mä dat gefält net jidderengem. Fir net ze soen, guer kengem. Den Tino huet eng super Iddi. Hie verdeelt un d'Knubbeldénger Anti Lava Ourestëppercher.
