Kannativi vum 18. Oktober 2026

18/10/2026

De Klaus huet um Erza sengem Computer de falsche Knäppche gedréckt a sämtlech Koordinate geläscht.

De Mish hëlleft him an als Merci wëll de Klaus him e Kuch baken.

Quatschkäpp - Episod 36: Den Onglécksbuer
De Boulard huet keng Chance, mee hie gleeft net un Ongléck oder Glécksbrénger. Wéi d'Pétole allerdéngs e véierbliedereg Kléiblat fënnt, wëll hien et gäre fir sech behalen, mee eng Dauf klaut et him. D'Poursuite vun der Dauf ass lancéiert. Si begéinen engem Mann, den nach vill méi Pech huet wéi de Boulard, a si hëllefen him, de Fluch lasszeginn.
Zenarist: Laurent Rivelaygue

Weess de wat?! zesumme mat GEOLINO TV: Fangerofdrock
Et ginn ronn 8,4 Milliarde Mënschen op der Äerd, a keen huet dee selwechte Fangerofdrock. Dat hëlleft natierlech der Police wann si sech op d'Sich no engem Verbriecher maachen, deen seng Spueren hannerlooss huet.

Den Dino Tino an d’Lucy - Episod 37: Eng automatesch Dier
Den Tino huet en Opanzouschibomat erfonnt. Souzesoen eng automatesch Dier fir ze gesinn, wien an de Buttek eran a nees eraus geet. Mä net alles klappt esou gutt wéi den Tino sech dat virgestallt huet.