"Shotgun Wedding" vum Jason Moore

Am Film heet et ëm den Tom an Darcy, déi wëllen op enger privater Insel op de Philippinnen bestueden.

Eng Dramhochzäit, déi séier zum Albdram gëtt, wann d’Fiesta vun enger Band vu Piraten ënnerbrach gëtt an all d’Invitéeën als Geisel geholl ginn.

Virun engem Joer hat d'J-Lo mat "Marry Me" de Genre romantesch Komedien nees op erfollegräich Manéier an d'Liewe geruff an deemno wollt si dëse Succès mat dësem Film erneieren. Ënnert der Leedung vum "Pitch Perfect"-Realisateur Jason Moore gouf eng Komedie konzipéiert, déi versicht an den Action-Genre iwwerzegoen.