"Mission Ulja Funk"

Zënter 10 Joer besteet an Däitschland d'Initiativ "Der besondere Kinderfilm", an där sech eng Rei Institutiounen aus der Filmbranche zesummegedoen hunn.

Dës Initiativ entwéckelt a fërdert net just original Filmstoffer fir Kannerfilmer, aus hir geet och déi Lëtzebuerger Koproduktioun "Mission Ulja Funk" ervir, déi deelweis an der Schoul zu Gaasperech gedréint gouf, mat Luc Feit an enger markanter Roll.

De Film huet e flotte Rhythmus drop an et gëtt net alles laang a breet erkläert - wéi an esou villen anere Kannerfilmer - sou dass zum Schluss vum Film eng Diskussioun mat de Kanner interessant dierft ginn, iwwert d'Personnagen an d'Thema Relioun géint Wëssenschaft. Hannert der Komik ass nämlech villes manner iwwerflächlech, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit.