"Plane" vum Jean-François Richet

Wärend engem Nuetsfluch op Silvester gëtt de Fliger vum Brody, dee Pilot ass, vun engem Blëtz getraff a muss op enger onbekannter Insel noutlanden.

U Bord sinn nieft enger Dose Passagéier an der Ekipp, och e Prisonéier dee wéinst Mord ugeklot ass. Wann dann och nach indonesesch Separatisten d’Passagéier kidnappen, muss de Kapitän säi Liewen op d’Spill setzen fir seng Léit ze retten.