"Titanic - Anniversary Edition" vum James Cameron
Pénktlech fir de 25. Gebuertsdag vum weltwäitem Erfolleg vum epesche Katastrophefilm "Titanic" leeft de Film an enger restauréierter 3D-Versioun an de Kinoen.
Titanic war deemools an ass haut nach ëmmer eng Kinosexprienz. Genee wéi den Haaptprotagonist vum Film, e Luxusschëff, dat eng technologesch Revolutioun soll alauden, ass dem Realisateur James Cameron säin Epos eng Produktioun, déi um techneschen Niveau d’Kinoslandschaft fir ëmmer markéiert a verännert huet. De Cameron huet mat all Film d’Grenze vum Kino a senger Technik versicht ze duerchbriechen an z’erweideren. Réckbléckend ass dëst him wuel ni méi op esou villschichteg Manéier gelonge wéi bei Titanic. D’Restauratioun vum Bild an enger 4K-Opléisung ass immens gelongen, ma den 3D-Effekt, dee sech ni als dat neit technologescht Wonner duerchsetze konnt, bréngt och dësem fantasteschem Spektakel net wierklech méi.
