"The Whale" vum Darren Aronosfky

Mat sengem Film Mother aus dem Joer 2017 hat de Realisateur Darren Aronofsky Theater- an d’Filmwelt op original Manéier matenee verbonnen.

Mam Drama The Whale huet den Aronofsky en Theaterstéck vum Samuel D. Hunter aus dem Joer 2012 als Film adaptéiert, deen den 8. Mäerz an de Kinoe wäert ulafen.

Den Charlie huet massiv Iwwergewiicht. Hien ass net onzefridde well hien déck ass, ma hien ass esou déck, well hien onzefridden ass. Frustiessen ass säin Alldag. Selwer opstoen ouni Hëllef ass mëttlerweil onméiglech. Liewensgeféierlech héije Bluttdrock laut seng lescht Deeg an. Stonnen, an deenen hie seng Duerschter no sëllege Joren ouni Kontakt wëll erëmgesinn.

The Whale ass en häerzzerräissende Melodrama, deen trotz engem schwéiere Sujet ni am Pathos ënnergeet. Dëst ass nieft enger frontaler a ganz direkter Kameraféierung virun allem de Schauspiller ëm den exzellente Brandon Fraser ze verdanken. The Whale ass e Plädoyer fir d'Wouerecht. Ëmmer nees leet den Charlie senge Schüler an Online-Coursen un d’Häerz, dat ze schreiwen, wat se denken - ouni Filter - an deem gëtt de Film mat all Bild a mat all Zeen gerecht.

Och wann The Whale op en Theaterstéck vum Samuel D. Hunter baséiert ass, läit dem virtuose Realisateur vu Requiem For A Dream oder dem rezente Mother seng visuell Approche awer guer net ënnert der Contrainte vun engem Huis-Clos. Ganz am Géigendeel geléngt et dem Aronofsky eng bedréckend Atmosphär ze schafen, déi säin Haaptpersonnage esou wéist, wéi wann hien e Walfësch wier, deen an engem Aquarium agespaart ass.