"Tengo sueños eléctricos" vum Valentina Maurel
De Luxembourg City Film Festival leeft momentan op Héichtouren.
E sécherlech aussergewéinleche Film an der Kompetitioun ass "Tengo sueños eléctricos" ("I have electric dreams"), den éischte Spillfilm vun der Costa Ricanescher Realisatrice Valentina Maurel.
Dat 16 Joer aalt Eva wunnt zu San José am Costa Rica mat senger klenger Schwëster nach bei der Mamm, zu där se awer kee richtegt Vertrauensverhältnes huet. D'Famill ass markéiert vun der Gewalttätegkeet vum Papp, deen antëscht erausgeplënnert ass a bei engem Frënd an engem schappegen Appartement provisoresch ënnerdaach koum. Obschonn de Papp seng Gewaltausbréch net ënner Kontroll huet, fillt d'Eva sech zum Papp higezunn a geet bei hie wunnen, stéisst do awer op e Milieu vu Leit, déi, genau wéi säi Papp, u Poesie a Konscht interesséiert sinn, awer grad esou verluer si wéi hatt selwer.
Mat ganz vill Takt an awer och enger fir e 'coming of age'-Film ongewinnter Radikalitéit exploréiert d'Realisatrice Valentina Maurel déi komplizéiert Relatioun tëschent Duechter a Papp, tëschent Léift a Gewalt. Dëst toxescht Ëmfeld ass och net déi ideal Plaz fir éischt sexuell Erfarungen ze maachen an esou kënnt d'Eva zum Schluss vun dësem couragéierten an excellent realiséierte Film wuel gestäerkt eraus, awer ouni Illusiounen iwwer d'Welt vun den Erwuessenen. De Film ass nach um Festival en Donneschdeg an enger Nomëttes-Seance ze gesinn, éier en da viraussiichtlech am Mee am Kino erauskënnt.
